D'Entrée kascht 2,50€ pro Persoun. D'Sue kennt Dir an eis Kees geheien, oder per Payconiq bezuelen. Dëst ass e virgeschloene Präis, Dir dierft och eppes méi ginn, wann Dir eis weider ënnerstëtze wëllt.
Hei eis Spillreegelen : Mir hunn am Labyrinth 4 Stanze verstoppt, an et ass un Iech fir se all ze fannen. Wann Dir eng Stanz fonnt hutt, fannt dir och eng Ziffer vun 1 bis 4 dobäi. Um Questionnaire musst Dir elo déi passend Zuel stanzen.
Wann Dir déi 4 Stanzen, an de Wee raus fonnt hutt, musst Dir nach är perséinlech Donnéeën* ausfëllen an de Questionnaire an d'Bréifkëscht geheien. D'Gewënner ginn, wann de Mais erof ass, vun eis kontaktéiert.
Mir wënschen Iech vill Spaass!
*D' Donnéeë gi just genotzt fir d' Gewënner ze kontaktéieren.